CSV Neijoerspatt 2012 zu Strassen
Bürgermeister und Schöffen vereidigt
Alles Guddes am neien Joer 2012
CSV Gemeng Käerjeng wënscht iech all Schéi Feierdeeg
Koalitiounsaccord
An enger extraordinairer Generalversammlung vum 26.10 hunn Memberen vun der CSV-Sektioun Gemeng Käerjeng den Accord ginn vir dei nei 3er Koalitioun vun dem BIGK – Bierger-Interessien Gemeng Kéinzig– der CSV an de Gréngen.
Buergermeeschter gëtt de Michel Wolter vun der CSV.
1. Schäffe gëtt d’Josée-Anne Siebenaler-Thill (Déi Gréng)
2. Schäffe gëtt de Jeannot Jeanpaul (BIGK)
3. Schäffe gëtt de Richard Sturm (CSV)
Desweideren ass den Koalitiounsaccord présentéeiert ginn deen och estemmeg vun der Versammlung ugeholl ginn ass.
Esou ass elo den Wé frei vir dass weider an den nächsten 6 Joer am Interessie vun den Bierger aus der neier Gemeng Käerjeng kann geschafft ginn. Nierwt den schons beim Fusiounsaccord définéierten 11 Projets soll weider drun geschafft ginn vir Liewensqualiteit vun den Awunner aus den verschiddenen Sektiounen vun der Gemeng ze verbesseren an den Volet vun der Ecologie wärd och een vun den neien Akzenter sinn vun der gemeinsamer Politk vun den kommenden Joeren.
Invitatioun Extraordinaire Generalversammlung
Invitatioun
Léif Parteifrëndin, Léiwe Parteifrënd,
CSV – Sektioun Gemeng Käerjeng/Kéinzeg invitéiert Iech ganz häerzlech op hir
Extraordinaire Generalversammlung
En Mëttwoch, den 26. OKTOBER 2011 um 19:30 Auer
Am Centre Sociétaire zu Lénger.
Dagesuerdnung :
1° Begreissung duerch den Sektiounspräsident Frank PIRROTTE
2° Bestätigung vun der neier Koalitioun duerch Versammlung
3° Présentatioun vun dem Koalitiounsaccord an der Postenverdeelung Michel WOLTER
4° Verschiddenes
Mir fréën eis op Är
Präsenz.
Fir den Comité,
Frank PIRROTTE
Präsident



















